Grënnung vun "De Kär a.s.b.l."

Do, 07/19/2012 - 16:44

E Mëttwoch den 18. Juli huet sëch an der Biekerecher Millen d’a.s.b.l. “De Kär a.s.b.l.” gegrënnt, déi d’Gestioun vum “Beki”, dem Regiogeld fir de Réidener Kanton, wäert iwwerhuelen. 

Den Undrang war nawell grouss. An och Persounen, déi net aus dem Réidener Kanton kommen, si Grënnungsmember ginn, fir d’Iddi hannert dem Projet ze ënnerstëtzen. Am Komitee sinn de Claude Betzen (Tresorier), Christian Coulée, Tom Ewert (Sekretär), Mathias Foehr, Camille Gira (Präsident), Fons Jacques, Claude Lagoda (Vizepräsident), François Linares, Léa Nesen, Jacqueline Tramarin an d’Marie-Paule Wagener (Vizepräsidentin). 

De Kär a.s.b.l. gouf aus verschiddenen Zwecker gegrënnt:

-    D’Regiogeld ass da legal, wann et op e “réseau limité/fermé” begrenzt ass. Et gëtt domat zu engem Tausch- a Bezuelmëttel tëschent Memberen vun engem Veräin. Dat bedéit och, dass jidfereen, deen Euroen géint Bekien antausche wëll an domat d’Regiogeld an Ëmlaaf bréngt, muss Veräinsmember ginn. (Wat net verhënnert, dass d’Bekien, déi schons an Ëmlaf sinn, géint Euroen getauscht kënne ginn, z.B. wann e Client an engem Buttek freet, ob hien kéint seng 20 Euro géint 20 Beki tauschen, well en dat enker probéieren wéilt.) 

-    De Kär a.s.b.l. wäert d’Gemeng Biekerech als Projektträger ofléisen an d’Gestioun vum Beki iwwerhuelen. 

-    Domat soll d’Regiogeld op déi mi demokratësch Basis vum a.s.b.l.’s Gesetz gestallt ginn. D’Membere kréien domat d’Méiglëchkeet, hier Iddien zur Weiderëntwécklung vum Beki an deene Saachen déi dermat verbonne sinn, anzebréngen. De globale Finanzsystem steet praktësch ausserhalb vun der demokratëscher Kontroll, fir net ze soen driwwer. Op d’mannst op regionalem Plang kënne mier dat zum Deel änneren a Schrëtt fir Schrëtt derfir suergen, dass d’Geld nees an den Déngscht vun de Menschen an der Gesellschaft gestallt gëtt an dass d’Bierger d’Geld kontrolléieren an net ëmgekéiert.

 

 

Bis elo kënnen nach nëmme Privatpersoune Member ginn. De Membersbäitrag fir Privatpersounen ass 10 Euro pro Joer. Fir Schüler, Studenten a Leit ouni Aarbëcht ass e 5 Euro pro Joer. (Gülteg ab lo an inklusiv 2013.) Wann Dier wëllt Member ginn, da mellt Iech w.e.g. beim Max Hilbert, Koordinateur vum Projet, op info@beki.lu" target="_self">info@beki.lu oder ënnert der Nummer 691 888 295.

 

Firwat heescht et “De Kär”?

-    Kär beinhaltet d’Initialien vu Kanton Réiden

-    De Kär steht symbolësch fir d’Entstoë vun Neiem, Wuestum a Verbonnenheet mat eiser ländlëcher Regioun.

-    De Kär steht dofir, dass eis Memberen de Kär sin, vun deem de Beki äusgeht.

 

Leet och Dier äre PefferKär beim Beki bäi a kommt an de Kär!