FAQ

  • Wat ass Beki?

    Beki ass den Numm vum komplementare Regionalgeld vum Kanton Réiden.

  • Fir wat soll de Beki gutt sinn?

    Mam Beki bezuelen bedeit:

    • Kafkraaft un d’Regioun bannen,
    • Aarbechtsplazen an der Regioun erhalen,
    • Eng Nofro no regionale Produiten an Déngschtleeschtungen schafen (doduerch, dass d’Betriber d’Beki weider an der Regioun ausgi wëllen), domatt d’Produktioun an den Ofsaz vu regionalen Offere förderen an domat regional Wirtschaftskreesleef stimuléieren,
    • Transportweeër kierzen an domatt d’Ëmwelt schounen,
    • Konsumenten a Produzenten beienee bréngen an d’Transparenz erhéijen,
    • D’Zesummenaarbecht an de sozialen Zesummenhalt stäerken,
    • E Kooperatiounsnetzwierk opbauen,
    • zu engem méi bewosste Konsum an Ëmgang mat Geld ureegen,
    • dem globale Finanzsystem eng auswëschen a senger Moosslosegkeet d’mënschlecht Mooss entgéint stellen. 
  • Ech kann dach och mat Euro regional akafen, also ännert de Beki jo guer näischt, oder?

    Dach, ebe just dorëms geet et! De Beki ass zwar och geduecht fir d’Leit zum Nodenken ze bréngen iwwert hiert Konsumverhalen a si zu engem méi regionale Konsum ze motivéieren, mä dat ass net de sprangende Punkt. Entscheedend ass dat, wat mat menge Sue geschitt nodeems ech se an der Regioun ausginn hunn. Mam Euro si se séier aus der Regioun fort. Awer mam Beki léist een eng ganz Kettereaktioun u regionalen Akeef aus. Well d’Geschäftsleit ginn se hirersäits och nees bei anere lokale Betriber aus. D’Beki ginn ca. 5 mol weiderginn, iert se an Euro zeréck gewiesselt ginn. Dat heescht, wann Dir 100 Beki ausgitt, da léist Dir en Ëmsaz bei de Betriber an der Regioun vun ca. 500 Beki aus! Dat hëlleft eng villfälteg Noversuergung ze erméiglechen an Aarbechtsplazen an der Regioun ze sécheren. Wann een also seet, „ech kafe souwisou an der Regioun an“, dann ass dat keen Argument fir de Beki net ze benotzen, mä ebe grad d’Argument fir de Beki ze benotzen! Well zemools wann een aus Iwwerzeegung regional akeeft, wier ee jo frou, wann anerer och esou handele géifen. A mam Beki bréngt een si derzou. Mam Beki gëtt mäin Asaz fir d’Regioun doduerch souzesoe belount. Loost Äert Geld fir Är Regioun schaffen!

  • Mam Beki kann ee jo awer alles kafen an net nëmme regional Produit’en. Dann ënnerstëtzt een dach guer net di regional Produzenten, oder?

    Effektiv, mam Beki brauch de Konsument säi Verhalen net onbedéngt ze änneren a kann einfach virun dat selwecht akafen wéi ëmmer. De Commercant muss säi Verhalen eventuell awer änneren fir d’Beki weider lass ze ginn. E Beispill: Dir kaaft Courgetten aus Spuenien a bezuelt mat Beki. De Supermarché kann d’Courgetten aus Spuenien awer net mat Beki bezuelen a muss d’Beki dofir mat 5 % Verloscht an Euro tauschen. Et ass also un him do eng Léisung ze fannen. Hie sicht also Gourgetten an der Regioun a probéiert mat sengen übleche Marketingsmethoden de Client’en déi ze verkafen. Et ass dem Supermarché vun elo un net méi egal wéi eng Produit’en seng Client’e kafen. Hien huet elo en Interessi drun, senge Client’en regional Produit’en unzebidden. Hie sicht sech regional Fournisseuren an dat net nëmmen an deem Beräich an deem hien direkt täteg ass. Och Handwierksbetriber, Déngschtleeschtungsbetriber, etc. aus der Regioun profitéieren esou vum Beki.

    De Beki ass also déi bequemsten Aart a Weis seng Regioun an di regional Produzenten ze ënnerstëtzen. Et brauch een näischt u sengem Verhalen ze änneren, ausser d’Beki- amplaz d’Euroschäiner aus dem Portemonni ze huelen an da léist een di Aner „d’Aarbecht“ maachen. D’Statistik weist: Wann ech Beki ausginn, doen ech fënnef Betriber a mengem Sënn schaffen.

  • Wéi vill ass e Beki wäert a wat ass de Wiesselcours?

    Ee Beki entsprécht beim Akafen engem Euro.

    Wann Dir Är Euro a Beki wiesselt, kënnt Dir entweder:

    • 1 zu 1 wiesselen, woubäi dann um Enn, wann ee Betrib se zeréck an Euro wiesselt, een Don vun 3% un ee gudden Zweck no Ärer Wahl geet. (Dofir braucht Dir eng Memberskaart.)
    • Fir all 100 Euro déi Dir a Beki wiesselt 100 + 3 Beki kréien.

    Iwwregens: Dir musst net mat Euroschäiner op d’Bank goë fir Beki ze kréien, Dir kënnt se och einfach vun Ärem Compte-Courant ophiewen.

     

    Beim Récktosch vu Beki an Euro kritt ee 95 Eurocent fir ee Beki.

  • A wat ass d’Wäertgrondlag vum Beki?

    Fir all Beki ass een Euro hannerluecht an déngt als Wäertgrondlag vum Beki. Ausserdeem ass Geld ëmmer dat wäert, wat en anere bereet ass derfir ze ginn. Deemno sinn och d’Wueren an Déngschtleeschtungen déi ee mam Beki kafe kann d’Wäertgrondlag vum Beki.

  • A wéi enger Form gëtt et de Beki?

    De Beki gëtt et just a Form vu Schäiner. Et gëtt Schäiner vun 1, 2, 5, 10, 20, 50 Beki. Centbeträg ginn einfach mat Eurocent beglach.

  • A wéi gesäit et mat Fälschungen aus?

    De Beki huet verschidde Sécherheetsmerkmaler. Dëst sinn ënnert anerem e Vernis, eng Guilloche an e Waasserzeechen.

    Och di verschidde Werbungen op der Récksäit erhéijen den Opwand fir potentiell Fälscher. An dat klengt Verbreedungsgebitt vum Beki verréngert d’Anonymitéit vun enger Persoun, déi mat gefälschte Beki bezuele wéilt.

    Do derbäi kommen di haart Strofen: Well obschonns d‘Beki am juristesche Sënn kee richtegt Geld sinn, stellt hir Fälschung e „faux en écritures“ duer, fir déi d’Gesetz eng Prisongsstrof vu 5 bis 10 Joer virgesäit! An de Strofdotbestand trëtt net eréischt an, wann een dermat bezuele géif, mä schonn dee Moment wou ee se fälscht. (Livre II : Titre III, Chapitre 1, Article 196)

    Alles an Allem steet den Notzen a kengem Verhältnis zu Opwand a Risiko. An dat erklärt wuel, firwat bis elo nach keng gefälschte Beki opgetaucht sinn.

  • Wou kann een dermat akafen?

    Mam Beki kann een am Réidener Kanton akafen. D’Betriber déi se unhuele fannt dir hei

  • Wat hunn ech perséinlech vum Beki?

    Fir all 100 Euro déi een a Beki wiesselt, kann een 100 + 3 Beki kréien. Do kënnt schonns eppes zesummen, wann een dat regelméisseg mécht.

    Wann een Euroen 1 zu 1 a Beki wiesselt, léist een een Don vun 3 Prozent vun der Zomm aus. A vill Leit si frou, wann si fir anerer eppes Guddes kënne maachen.

    Grondsätzlech fördert ee mam Beki eng lieweg Regioun a wann et der Gesellschaft gutt geet, geet et och dem Individuum gutt. 

  • Wou kréien ech Beki?

  • Wéi kann ech matmaachen?

    Dir kënnt ganz einfach op Är Bankagence am Réidener Kanton Beki siche goen an dann dermat bezuelen. Eng Lëscht vun de Bankagencen op deenen Dir d’Beki kritt, fannt Dir hei.

    Dir kënnt awer och Member am Veräin De Kär ginn, dann hutt Dir zousätzlech d’Méiglechkeet iwwert d’Funktiounsweis vum Beki matzebestëmmen.