FAQ

  • Muss ee Member si fir beim Beki matzemaachen?

    Privatpersounen brauchen net Member ze sinn fir d’Beki kënnen ze benotzen. Si kënnen einfach op hir Bankagence am Réidener Kanton goen an Euro géint Beki tauschen oder Beki vun hirem Compte-Courant ophiewen.

    Betriber déi Beki akzeptéiere wëllen, musse Member sinn fir dass garantéiert bleift, dass de Beki op e limitéierte Reseau beschränkt bleift. Nëmme Betriber déi Member sinn, kënnen hir Beki an Euro zerécktauschen.

  • Wat bréngt de Beki der Regioun?

     „KAF KRAAFT fir d’Regioun“ ass de Slogan vum Beki. Dat bedeit als éischt, dass duerch de Beki d’Kafkraaft un d’Regioun gebonne gëtt an eben net, esou wéi mam Euro, aus der Regioun offléisst. Dat hëlleft eng villfälteg Noversuergung ze erhalen an ze förderen, vun där jidderee profitéiert. Et bedeit awer och, dass de Réidener Kanton insgesamt soll gestäerkt ginn, z.B. doduerch, dass d’Betriber an d’Organisatiounen déi beim Beki matmaachen ee Kooperatiounsnetzwierk bilden, an deem een deen anere stäerkt. Oder doduerch, dass de Beki och e soziaalt Bindeglied ass, dat de sozialen Zesummenhalt an di regional Identitéit fördere soll a Leit, déi vun ausserhalb heihinner wunne kommen sech méi liicht integréiere kënnen.

    De Beki huet sech ausserdeem zu engem Markenzeeche vun der Regioun entwéckelt, dat de Réidener Kanton no baussen als eng nohalteg an innovativ Regioun gutt verkeeft. Den Internet ass eng grouss Chance fir de ländleche Raum. Entreprisen mussen elo net méi onbedéngt an de Ballungszentren ugesidelt sinn, fir um Weltgeschéien deelzehuelen. Den Internet bedeit awer och, dass all Regioun vun dëser Welt a Konkurrenz zouenee steet. De Regionalmarketing gëtt dohier ëmmer méi wichteg an de Beki, dat weisen di vill Medieberichter, ass hei en idealt Mëttel.  

  • Fördert de Beki de regionale Konsum?

    De Beki sensibiliséiert d’Konsumenten a motivéiert si och, tatsächlech méi regional anzekafen. 63,5 Prozent vun eise Member hate schonns 2013 an enger Ëmfro uginn, hiert Konsumverhalen geännert ze hunn a méi bei de lokale Betriber anzekafen, zanter et de Beki gëtt.

    Mä net nëmme Privatleit, mä och Betriber si Client bei anere Betriber. An hei kënnt d‘Logik vum Beki ganz zum Droen: Fir net mussen an Euro ze wiesselen, kafen d’Betriber déi Beki hunn natierlech am léifsten bei anere Beki-Betriber an. Esou léist de private Konsument eng ganz Kettereaktioun u regionalen Akeef aus.

  • Wat bréngt de Beki de Betriber?

    De Beki als Werbungs- a Marketingsinstrument:

    • De Beki lackelt Client’en an de Betrib, déi gäre mam Beki bezuelen. Ausserdeem ginn d’Konsumenten duerch de Beki Projet sensibiliséiert fir méi regional ze kafen.
    • De Beki ass ee Marketingsinstrument fir Client’en laangfristeg ze bannen.
    • Werbung: Op der Beki Homepage ass e Register wou d’Betriber sech dem Public presentéiere kënnen. Ausserdeem gi regelméisseg Brochure verdeelt an deenen all d’Betriber déi beim Beki matmaachen opgelëscht sinn.
    • Positiven Image, well d’Matmaache beim Beki beweist, dass een d’Regioun an hir Bewunner ënnerstëtzt, d’Ëmwelt schount a sozial Organisatiounen fördert. De Beki ass e ganz éierleche Label, well e beweist, dass een et sech souguer 5 Prozent kaschte léist, wann een d’Regioun net ënnerstëtze kann.

     

    L’union fait la force! De Beki als Kooperatiounsnetzwierk:

    • De Beki, dat ass och e Reseau vu Betriber déi zesummeschaffen. Schliisslech muss all Betrib kucke fir seng Beki nees weider auszeginn an esou entsteet e Kooperationsnetzwierk an deem een deen aneren ënnerstëtzt. Dës Zesummenaarbecht bréngt Client’en a schaaft virun allem laangfristeg Sécherheet. L’union fait la force!

     

    De Beki als Mëttel fir Euroen ze spueren:

    • Engem Client dee mat Euro bezilt an eng Remise freet, kann ee proposéieren amplaz vun enger Remise dee selwechte Montant a Beki ausbezuelt ze kréien. Dës “Remise” gëtt alt neess bei de Beki-Betriber, a villäicht och beim eegene Betrib ausginn. An et kritt een de vollen Euro-Montant!
    • Beki fir de Sponsoring notzen. Esou behält ee seng Euroen an d’Sue vum Sponsoring ginn alt nees an der Regioun ausginn.
    • Och fir Betriber gëlt: Fir all 100 Euro déi Dir a Beki wiesselt, kënnt Dir 100 + 3 Beki kréien!

     

  • Wat sinn d’Konditiounen fir mat mengem Betrib beim Beki mat ze maachen?

    Als Betrib muss ee Member an der Asbl De Kär sinn, fir vum Beki kënnen ze profitéieren. Dëst aus juristesche Grënn: De Beki soll op ee Réseau limité begrenzt bleiwen. De Siège social an/oder d’Verkafsplaz /d’Filial muss/en am Réidener Kanton sinn.

    Wann een als Betrib am Beki Reseau matmécht, verflicht ee sech mindestens 200 Beki pro Rechnung (wann d’Rechnung 200 oder méi Euro bedréit) ze akzeptéieren. Anescht gesot: Et muss een ni méi wéi 200 Beki akzeptéieren, och wann de Rechnungsmontant méi héich ass.

  • Wat sinn d’Käschten fir mäi Betrib, wann ech beim Beki matmaachen?

    De Membersbäitrag fir Betriber ass 100 Euro/Beki pro Joer.

    Wann een all seng Beki weider ausgëtt, entsti keng zousätzlech Käschten.

    Wann ee Beki an Euro tauscht, léist ee 5 Prozent fir d’Regioun leien. Zousätzlech Käschten entstinn also just dann, wann een och profitéiert, d.h. vill Beki era kritt. Op den Ëmsaz vum ganze Beki Reseau gerechent, leien d’Käschten vum Récktosch bei ca. engem Prozent.

  • Muss een als Betrib egal wéi eng Zomm a Beki akzeptéieren?

    Wann Dir mat Ärem Betrib beim Beki matmaacht, verflicht Dir Iech e Minimum vun 200 Beki pro Rechnung ze akzeptéieren (wann d’Rechnung 200 oder méi Euro bedréit). Anescht gesot: Et muss een ni méi wéi 200 Beki akzeptéieren, och wann de Rechnungsmontant méi héich ass. Dir selwer decidéiert, ob Dir wëllt méi héich Zommen a Beki akzeptéieren oder net.

    D’Praxis weist, dass di allermeeschte Betriber no kuerzer Zäit wäit gréisser Zommen unhuelen, well si mierken, dass dat onproblematesch ass an dass et vill Méiglechkeete gëtt seng Beki weider ze bréngen. Et ass een eben och Deel vun engem solidareschen Netzwierk an di Meeschten erlaben deene jeeweils anere Betriber gréisser Zommen ze bezuelen. Dat hëlleft d’Client’en un den eegene Betrib ze bannen.

  • Gëtt duerch de Beki zousätzlechen Ëmsaz ausgeléist?

    Insgesamt léist de Beki méi Ëmsaz an der Regioun aus an dat virun allem aus zwee Grënn. Éischtens, well d‘Beki am Géigesaz zum Euro d’Regioun net verloossen an méi laang tëschent de lokale Betriber zirkuléieren. Et huet sech gewisen, dass e Beki an der Moyenne gutt 5 mol de Besëtzer wiesselt éiert en an Euro zeréck gewiesselt gëtt. Dat bedeit, dass wann een 100 Beki ausgëtt, een Ëmsaz an der Regioun vu gutt 500 Beki entsteet. De Grond dofir ass, dass d’Betriber ëmmer probéieren hir Beki bei anere Betriber auszeginn, well si, wa si an Euro wiesselen, 5 % verléiere géifen. An anere Wieder bedeit dat, dass Betriber, déi beim Beki matmaachen, aus der Siicht vun engem Betrib dee Beki huet, souzesoen 5 % méi gënschteg ass wéi Betriber déi keng Beki unhuelen.

    Zweetens zirkuléieren d’Beki méi séier wéi Euroen. Genau geholl, bedeit dat eigentlech just, dass den Ëmsaz méi séier entsteet. Op ee fixen Zäitraum gekuckt, z.B. op ee Joer, bedeit dat natierlech méi Ëmsaz pro Joer.

    Dat gëllt natierlech net fir all Betrib gläichermoossen, muncher kréie méi, anerer manner Beki.

    Beim Beki geet et awer net ëm Wirtschaftswuesstem, mä dorëms, manner bei de grousse Konzerner a méi bei de lokale Betriber ze kafen. Bei gläichbleiwendem Konsum gëtt esou d’Ëmwelt geschount an di lokal Economie an eisem Ëmfeld gestäerkt. De Grousskonzerner hir Aktionären wäerten dowéinst net Honger leide mussen… 

  • A wann dann elo all Regioun dat géif maachen….?

    Dës Fro héiert een oft als Virworf formuléiert, esou wéi wann dat e Problem wier a wéi wann een da misst mat lauter verschiddene Währunge ronderëm fueren, wann een duerch d’Land fiert. Dat ënnerstellt awer, dass de Beki Projet géint den Euro geriicht wier an d’Iddi wier den Euro duerch lauter Regionalwährungen ze ersetzen. Dat ass awer selbstverständlech net d’Zil. An dowéinst wier et och komplett onproblematesch, wann tatsächlech all Regioun säin eegent Regiogeld géif aféieren. Doheem kéint ee mat sengem Regiogeld bezuelen a wann ee seng Regioun verléisst, mam Euro oder wann ee Loscht hätt, mat dem entspriechende Regiogeld. A wann ee guer keng Loscht huet mat Regiogeld ze bezuelen, da bezilt een einfach iwwerall mam Euro. Sou einfach ass dat.

    Iwwregens ginn et ënnert den Unhänger vun de Regiogelder vill Leit, déi fir e mehrstufegt Geldsystem sinn. Lokal/Regional Gelder, national/multinational Gelder an eng global Währung fir international Transferten, déi awer net vun engem eenzege Staat kontrolléiert wier. Sou kéint all Geld ouni Kompromisser sengem zougeduechten Zweck déngen.

    An iwwregens, wann een an der Geschicht zeréck kuckt, stellt ee fest, dass a ville Géigenden laang Zäit verschidde Währungen parallel zirkuléiert sinn. Schonn di al Ägypter haten en duale Währungssystem: Gelder aus Edelmetall vun anere Länner hu si (zum Metallwäert) akzeptéiert a fir den (Innen- an) Aussenhandel benotzt. Do dernieft hu si am Inland mat Quittunge bezuelt, déi op Tountafelen notéiert waren. Een eenzegt Geld fir alles ze hunn, ass eng historesch Ausnahm.

    Linksammlung zum Thema Regiogelder:

    ccia.eu/

    complementarycurrency.org/

    www.financite.be/fr

    www.neuesgeld.net/

    www.neuesgeld.com/

    www.lietaer.com/

    regionetzwerk.blogspot.de/

  • Firwat léist ee 5 % fir d’Regioun leien wann een d‘Beki an Euro zeréck tauscht?

    Effektiv, wann ee Betrib seng Beki zeréck an Euro wiesselt, kritt e fir 1 Beki 95 Cent zeréck. Dëst soll de Betrib encouragéieren seng Beki eben net an Euro ze wiesselen, mä wieder Betriber an der Regioun mam Beki ze ënnerstëtzen. Esou entsteet e Kooperatiounsnetzwierk, bei deem een deen aneren ënnerstëtzt.

  • Wat geschitt mat deene 5 %

    2 Prozent ginn un d’Asbl De Kär fir d’Gestioun vum Beki.

    3 Prozent ginn un eng sozial Organisatioun gespent. Wéi eng dat ass, decidéiert deejéinegen, dee seng Euro a Beki wiesselt an domatt Beki an Ëmlaf bréngt. Zur Wahl stinn:

    • Asbl. “Op der Schock” (Réiden)
    • Autisme Luxembourg Asbl. (Biekerech)
    • Projekt des Attert-Lycée Réiden
    • “de Kär" Asbl.

    Zanter 2015 kann een och selwer vun deenen 3 Prozent profitéieren an fir all 100 Euro déi een a Beki wiesselt 100 +3 Beki kréien. (Dee Moment gëtt keen Don gemaach.)

  • Dréint de Beki méi séier wéi den Euro?

    De Beki dréint méi séier ewéi den Euro an och doduerch entsteet natierlech méi Ëmsaz.