Beki...
fir mech
  • Fir all 100 Euro kannn een elo 3 Beki extra kréien.
  • Ech weess,dass meng Suë weider a menger Regioun zirkuléieren an net an der Spekulatioun oder am Waffenhandel (etc.) landen.
  • Et si frou eppes fir d’Gemeinschaft a menger Géigend maachen ze kënnen. 
fir meng Regioun
  • Méi Kafkraft a méi Ëmsaz, well d’Suen an der Regioun bleiwen an zirkuléieren. Dat suergt fir eng villfälteg Noversuergung a lieweg Dierfer.
  • De Beki huet sech zu engem Markenzeechen vun eiser Regioun entwéckelt
  • De Beki fördert de sozialen Zesummenhalt an di regional Identitéit 
fir mäi Betrib
  • E Reseau vu Betriber déi zesummeschaffen. Dat bréngt Client’en a gëtt Sécherheet.
  • De Beki lackelt och méi Privatclient’en a mäi Betrib.
  • De Beki ass e Label, dee beweist, dass mäi Betrib sech fir d’Regioun engagéiert.
Meng Motivatioun beim Beki matzemaachen
Mir wëllen solidaresch hëllefen den lokalen an  regionalen Marché an d'Landwirtschaft ze stäerken an ze erhalen. En plus sollen Clienten den Beki ënnerstetzen, wëll sie dann mat eis zesuzmmen derzou beidroen Arbechstplaatzen am Kanton ze erhaalen an ze schaafen.
Marc Mathieu
Boucherie & Partyservice Mathieu
Als ee Service, deen an eiser Géigend aktiv ass,  ass et eis wichteg eis Regioun ze ënnerstëtzen.
Chantal Back
Club Atertdall
De Beki ass een Deel vun der regionaler Identitéit a stäerkt d’Wirtschaft an den Zesummenhalt an der Regioun. Mam Beki kann ech matentscheede wat mat menge Sue geschitt.
D’Touristen, déi bei mech an den TouristInfo kommen, entdecken duerch de Beki de besonneschen Zesummenhalt an d’Eenzegaartegkeet vun der Regioun.
Carole Thull
TouristInfo Atert-Wark