Funktionnement

D’Grondiddi vum Beki ass Kafkraaft un d’Regioun Réidener Kanton ze bannen a regional Wirtschaftskreesleef ze förderen. De Beki wierkt dobäi als Multiplikator. Dat heescht, wann ee mam Beki bezilt, léist een eng Kettereaktioun u regionalen Akef aus. An der Moyenne ginn d'Beki 6 mol weiderginn, iert se an Euro ëmgetosch ginn. Dat bedéit also, dass mat 100 Beki déi een ausgëtt en Ëmsaz vu 600 Beki/Euro entsteet, respektiv 600 Beki/Euro Kafkraaft un d’Regioun gebonne ginn.

Wouhier kënnt dat? Ganz einfach: Betriber loosse 5 Prozent fir d’Regioun léien, wa si d’Beki an Euro wiesselen. Dat motivéiert si eben net direkt zeréck ze tauschen a weider bei anere lokale Betriber nozefroen. Sou entsteet e Reseau u Betriber déi zesummeschaffen a wou si sech géigesäiteg stäerken. Do kënnt nach derbäi, dass duerch de Beki eng Nofro no regionale Produiten an Déngschtleeschtungen entsteet, obschonns een déi Saachen och vu wäit hier kéint huelen. A wou eng Nofro ass, do kann och en Angebot entstoen.

Schema

Wéi kann ech matmaachen?

Ganz einfach: Gitt op Är Bankagence am Réidener Kanton a wiesselt Euroe géint Beki oder loosst Iech Beki vun Ärem Euro-Compte-Courant ausbezuelen a gitt dermat akafen. Sou einfach ass et eppes fir seng Regioun ze maachen!

Statistik

Beki en circlation nohalteg Entwécklung
 

  • Ca. 6 mol wiesselt ee Beki duerchschnëttlech de Besëtzer, iert en an Euro zréckgetosch gëtt. 1 Beki mécht en Ëmsaz vu 6 Beki.
  • Ca. 6 mol méi séier dréint de Beki wéi den Euro
  • 5 % Récktauschgebühr:
  • 0,9 % real Récktauschgebühr um Ëmsaz gerechent
  • 1,5 % Undeel vun de Gesamtkäschte fir Betriber um Beki Ëmsaz
  • 10.654 Beki goufen bis elo gespent (2013+2014+2015+2016) (= 3/5 vun der Récktauschgebühr)
  • 88 % vun de Beki Veräinsmembere soe si géifen duerch de Beki méi iwwert hiert Konsumverhalen nodenken
  • 64 % vun de Beki Veräinsmembere kafen elo méi lokal.