Beki op Bestellung

Dir hätt gäre Beki mä hutt keng Zäit fir Iech op d’Bank ze deplacéieren? Kee Problem! 
Mat de Servicer “à emporter” a “livraison à domicile” kann Iech gehollef ginn. 

Béid Servicer berouen op engem mensuellen Ordre Permanent vun Ärerer Bank. Elo nei: Dir kënnt se och via http://shoplocal.kanton-reiden.lu/ bestellen an heem geliwwert kréien!

Beim Service “à emporter” definéiert Dir wou a wéini Dir d’Beki ofhuelt. Dat heescht: 

  • Dir kënnt se Dënsdes an der Mëttesstonn oder Owes um Büro vun der Asbl De Kär ofhuele kommen. 
  • Dir kënnt se während den Öffnungszäiten vun der Biekerecher Gemeng do ofhuelen. (Méindes bis Freides vun 08:30 – 12:00 a Mëttwochs vu 14:15 – 17:45)
  • Mir sinn och oppe fir Virschléi vun ärer Säit

Beim Service “livraison à domicile” brenge mir Iech innerhalb vum Réidener Kanton d’Beki heem. Dat gëlt ab enger Zomm vun 300 Beki de Mount. 

Hei fannt Dir d’Formulare fir Iech un dës Servicer ze abonnéieren. Wann Dir interesséiert sidd, da fëllt se w.e.g. aus a schéckt se un d’Asbl de Kär. 

De Kär Asbl.
103, Huewelerstrooss
L-8521 Beckerich.

Mir mellen eis da bei Iech.

Beki "à emporter" docx 29.42 KB Download
Beki "Livraison à domicile" pdf 476.18 KB Download