Mam Beki ënnerstëtzt dir ee gudden Zweck

Mam Beki fërdert Dir eng nohalteg Entwécklung vum Kanton Réiden. Mä net nëmmen dat! Wann Dir Euro 1 zu 1 a Beki wiesselt, ginn dräi Prozent vun der Zomm un ee gudden Zweck gespent. Dat heescht Dir kritt pro Euro ee Beki a pro Euro ginn dräi Cent gespent. Dir hutt awer och d’Méiglechkeet dës dräi Prozent selwer ze notzen. An der BekiPay App kënnt Dir de Prozentsaz fir de gudden Zweck astellen:

Astellungen

  • Wann Dir do „0“ stoe loosst, kritt dir pro Euro 1,03 Beki.

  • Wann Dir do „3“ agitt, ginn 3 Prozent vun der gewiesselter Zomm un ee gudden Zweck. An Dir kritt pro Euro ee Beki.

  • Wann Dir do „1“ agitt, geet 1 Prozent vun der Zomm un ee gudden Zweck. An Dir kritt Dir pro Euro 1,02 Beki.

Wéi ginn déi dräi Prozent finanzéiert?

Déi dräi Prozent gi vun de Betriber finanzéiert, déi beim Beki matmaachen. Dës Betriber engagéiere sech mam Beki fir eng nohalteg Entwécklung. Si iwwerhuele Verantwortung – och wann et eppes kascht! Hinne gëllt ee grousse Merci!

U wéi eng gutt Zwecker ginn dës Suen?

An der Vergaangenheet si mat dësen Don‘e scho vill flott Initiativen ënnerstëtzt ginn, dorënner Autisme Luxembourg Asbl (Centre Roger Thelen), Schülerprojete vum ALR, Op der Schock d’Kooperativ Vun der Atert an d’lescht Joer de Proyecto Banco Mujer zu Lima.

Och Är Organisatioun kann heivunner profitéieren!

Wann Dir wëllt, dass Är Initiativ soll kënne vun dëse Spende profitéieren, da kënnt Dir eng Bewerbung bei De Kär asbl erareechen. Huelt dofir als éischt Kontakt op fir méi Detailer gewuer ze ginn: info@beki.lu Tel: 236221847 / 691888295

D‘Spende ginn a Beki ausbezuelt. (Just fir de Proyecto Banco Mujer gouf eng Ausnahm gemaach.)