Sinn d'Beki iwwerhaapt legal ?

Do, 08/09/2012 - 16:54

Beki sinn natierlech net gesetzlecht Zahlungsmëttel. Just Euroen mussen als Bezuelung akzeptéiert ginn. Trotzdem sinn d’Beki legal.

Si baséiren um Droit Civil an entspriechen der Vertragsfräiheet. Si sinn e fräiwëllegen Accord tëschent Memberen vun engem Veräin, eppes (an deem Fall Beki) als Bezuel-, Tausch,- an Schenkungsmëttel ze benotzen. 

Och d’CSSF huet an engem Gespréich mëndlech (demno ouni Gewähr) zougeséchert, dass d’Beki legal sinn, soulaang si op e réseau limité oder fermé begrenzt sinn. De Beki dréit där Saach direkt duebel Rechnung: En ass “limité” op de Réidener Kanton a “fermé”, well e just gülteg ass bei de Memberen vun “De Kär Asbl.” Soss missten jo och Supermarchéskaarten oder Flugmeilen an Ähnleches illegal sinn.

Zousaatz Dokument:

Réponse de M. le Ministre des Finances Luc Frieden à la question parlementaire

Wéieen Risiko hunn ech, wann ech beim Beki matmaachen? Besteht d’Gefor, dass ech meng Sue verléieren?

Nee, Beki ginn 1 zu 1 géint Euro getosch an déi Euroen ginn hannerluecht, fir kënnen géint d’Beki zréckgetosch ze ginn. Wann ee wëll wäit siche goen, kéint ee soen, deen eenzege Risiko dee besteht, wier dass den Eurosystem zesummebrëcht an di hannerluechten Euroen näischt méi wäert wieren. Dovu gi mier awer net aus an et ass och ganz sécher net de Grond virwat mir e komplementäre Geldsystem maachen!

Anerersäits – sollt et tatsächlech dozou kommen, hunn d’Benotzer vum Beki di zousätzlech Sëcherheet, dass si weider mat Beki bezuele kënnen an se ganz einfach eben net zrécktauschen. Fir sou e Fall hu mier e puer Méiglëchkeete virgesinn, fir dass de Beki säi Wäert behällt. Z.B. denke mier un d’Méiglëchkeet de Beki u Kilowatt Stroum ze bannen. Well a bal Alles stëcht Energie drann an déi produzéire mier am Réidener Kanton selwer. E Resultat vu geschéiter Regionalpolitik, déi sëch net blann drop verléisst, dass d’Globaliséirung alles riichte wäert.