De Beki ass do

Di, 01/01/2013 - 14:04

Wat wichteg ass: Fir Beki kënnen ze kréien, musst Dir als éischt Member an der Asbl.  “De Kär” ginn.

Klickt op “Member” a mellt Iech online un oder dréckt Iech de Formular aus a schéckt en bei d’Asbl. “De Kär”. Dir kritt dann Är Memberskaart geschéckt a mat där kënnt dir op all de Bankagencen an op der Post zu Réiden, sou wéi op all de Raiffeisenagencen am Réidener Kanton Euro géint Beki tauschen.

Eng Lëscht, wou Dir mat Beki bezuele kënnt, fannt Dir ënnert “Partner”. Mir wënschen vill Freed mam Beki!