Mam Beki ënnerstëtzt Dir Op der Schock !

Mi, 09/27/2017 - 14:58
Beki regional currency

Fir all Beki deen Dir an Ëmlaf bréngt, ginn dëst Joer dräi Prozent un d’Asbl Op der Schock.

Dat heescht, wann Dir Är Euro a Beki wiesselt (respektiv einfach Beki vun Ärem Kont ophiewt), kritt Dir fir all Euro ee Beki, also déi integral Zomm, an de Beki Veräin De Kär mécht een Don vun dräi Prozent vun der Zomm un Op der Schock. Am Endeffekt sinn et awer d’Betriber déi beim Beki matmaachen, déi dësen Don duerch de Verloscht beim Récktosch vun de Beki finanzéieren. Mam Beki engagéieren si sech fir hir Regioun a kommen och hirer sozialer Verantwortung no. Dëst ass kee Greenwashing an och keen eidelt Geschwätz vu corporate social responsibility. Nee, si maache mat a si bezuelen. Punkt.

Dofir, maacht och Dir mat, kaaft bei de lokale Betriber, bezuelt mam Beki an hëlleft esou der Schock, « Talker » ze kafen.

Am Service d’Activités du Jour vun der Schock betreie si eng ganz Rei Mënschen di keng verbal Sprooch hun. D’Zil ass et, mat deenen Don’en vum Beki « Talker » fir dës Persounen ze kafen. Mat Hëllef vun engem « Talker », deen een individuell ka „beschwätzen“, kënnen si sech besser mat hirem Ëmfeld verstännegen. Den « Talker » ënnerstëtzt si souwuel innerhalb vum Service d’Activités du Jour, wéi och ënnerwee, beim Akafen oder aaneren Aktivitéiten.

Hëlleft der Schock, andeems Dir Beki benotzt.

Wéi kënnt et derzou, dass dëst Joer Op der Schock ennerstëtzt gëtt?

Beim Beki-Veräin De Kär konnten Organisatiounen hei aus der Géigend sech mat hirer Iddi, fir déi si den Don asetze wéilten, bewerben. D’Member vum Kär hunn dunn online iwwert déi verschidden Iddien ofgestëmmt. An do derbäi koum eraus, dass vun all Beki dräi Prozent un d’Schock sollte goen.

Beim Kär sinn se nämlech der Meenung, dass d’Bierger bestëmme sollen wéi d’Geld funktionnéiert, an net d’Geld wéi d’Mënsche funktionnéiere sollen.