Mo, 12/23/2024 - 15:36
D’Generalversammlung vun De Kär Asbl huet decidéiert d‘Validitéit vun den aktuelle Beki Schäiner ëm ee Joer, also bis zum 31.12.2025 ze verlängeren!
Dat bedeit, dass een d’Schäiner, op deenen de Mindestgültegkeetsdatum vum 31.12.2024 opgedréckt ass, weiderhi bis zum Enn vum Joer 2025 unhuelen an ausgi kann. Nei Schäiner kommen dann am Januar 2026 an Ëmlaf.
Ab Januar 2025 kritt een d'Beki Schäiner exklusiv am Abonnement heem geliwwert. De Formulaire fir se ze bestellen fannt Dir hei ënnen.
Formulaire Livraison | 244.35 KB | Download |