Vertrag fir den digitale Beki ofgeschloss

Di, 10/13/2020 - 16:08
Beki Sikoba Kanton Redingen Blockchain digital currency
V.l.n.r. : Dragan Postolovski (Programméierer Sikoba), Fons Jacques (Leader Manager Atert-Wark) Aleksander Kampa (Direkter Sikoba), Marc Neu (President De Kär), Max Hilbert (Koordinateur De Kär), Guillome Devron (Teschneschen Direkter Sikoba)

 

De Projet fir de Beki ze digitaliséieren gëtt elo endlech konkret. Nodeems am Fréijoer de Landwirtschaftsministère iwwerzeegt konnt ginn, d’EU-Leader Fërdergelder, déi wéinst engem negativen Avis vum Finanzministère zeréckgehale goufen, finalement fléissen ze loossen, si mir elo ee wichtege Schratt viru komm: Mir hu mat der Startup Sikoba ee Vetrag zur Entwécklung vum digitale Beki ofgeschloss. Wann alles riicht geet, soll deen am Februar 2021 erauskommen an Dir wäert da Beki mat Ärem Smartphone bezuele kënnen.