Spendenopruff!

Fr, 01/05/2024 - 19:19

De Beki gëtt ab dësem Joer net méi vum Gemengesyndikat Kanton Réiden ënnerstëtzt. Dës Decisioun ass Enn Oktober 2023 geholl ginn, sou dass eis ganz kuerzfristeg de Finanzement feelt. Mir wëllen d’Saach awer net opginn an eis nei opstellen.

Hannert dem Beki steet de Veräin De Kär a seng 370 Memberen. Iwwert honnert Betriber akzeptéieren de Beki a stinn derhannert. Mat hirer Hëllef schaffe mir intensiv drun de Beki nei opzestellen a ginn eis Bescht fir dass de Projet och no 2024 ka weidergefouert ginn.

Bis dohinner si mir awer op Spenden aus der Zivilgesellschaft ugewisen. Leschten Dënschdeg sinn déi éischt 100 Euro vun engem Ordre Permanent mam Vermierk „Save Beki“ op engem vun eise Konten ukomm. Mir hoffen, dass nach vill Mënschen deem Beispill folge wäerten.

Mir bieden Iech, maacht mat, hëlleft eis an drot mat engem Don derzou bäi, dass mir weiderfuere kënnen.

Eise Spendekonto: Banque Raiffeisen : LU11 0099 7801 0988 4601

De Kär Asbl

103, Huewelerstrooss

L-8521 Beckerich

 

Mir huelen och Beki.

 

Am Viraus, ee ganz häerzleche Merci!

 

pdf 3.75 MB Download