Beki...
fir mech
  • Fir all 100 Euro kannn een elo 3 Beki extra kréien.
  • Ech weess, dass meng Sue weider a menger Regioun zirkuléieren an de lokale Betriber zegutt kommen.
  • Et si frou eppes fir d’Gemeinschaft a menger Géigend maachen ze kënnen. 
fir meng Regioun
  • Méi Kafkraft a méi Ëmsaz, well d’Suen an der Regioun bleiwen an zirkuléieren. Dat suergt fir eng villfälteg Noversuergung a lieweg Dierfer.
  • De Beki huet sech zu engem Markenzeechen vun eiser Regioun entwéckelt
  • De Beki fördert de sozialen Zesummenhalt an di regional Identitéit 
fir mäi Betrib
  • E Reseau vu Betriber déi zesummeschaffen. Dat bréngt Client’en a gëtt Sécherheet.
  • De Beki lackelt och méi Privatclient’en a mäi Betrib.
  • De Beki ass e Label, dee beweist, dass mäi Betrib sech fir d’Regioun engagéiert.
Meng Motivatioun beim Beki matzemaachen
D‘Regionalgeld stäerkt eis Onofhängegkeet, fuerdert d‘Solidaritéit a bréngt de Konsument an de Produzent aus der Regioun nees méi no zesummen! Vertrauen. Ennerstëtzen. Virukommen. Beki. Kaaf Kraaft fir d’Zukunft!
Ingrid Van der Kley
Art&Wise
Regional ass eis wichteg! An dofir wënsche mir eis, datt och méi Leit aus der Emgéigend eis besiche solle kommen.“ „Geessen, Alpaka, Galloway, Kaeren a sou Saachen, weise mir Iech wat een domat ka maachen.
Danielle Freylinger-Klein
Alpakka Trekking
Regional ass eis wichteg! An dofir wënsche mir eis, datt och méi Leit aus der Emgéigend eis besiche solle kommen.

Geessen, Alpaka, Galloway, Kaeren a sou Saachen, weise mir Iech wat een domat ka maachen.
Danielle Freylinger-Klein
Alpakka Trekking