Presentatioun vun den neie Beki Schäiner

Fr, 03/04/2022 - 16:02
nei Beki Schäiner développement durable Ell Kanton Réiden

De Freideg de 25. Februar sinn zu Ell am Centre Camille Ney déi nei Beki Schäiner virgestallt ginn. D'Veranstaltung war zu Ell, well déi zwee jonk Kënschtler déi de Concours fir d'Zeechnungen op de Beki Schäiner gewonnen haten, aus der Gemeng Ell sinn. D'Gemeng Ell huet vun Ufank un de Beki Projet konsequent ënnerstëtzt. Mir soen all de Bedeelegten un der Produktioun vun de Schäiner villmools Merci. Ee Merci geet natierlech och un d'Gemeng Ell an hire Gemengevertrieder, insbesondere de Buergermeeschter Armand Schuh, deen d'Gäscht beréisst huet, souwéi de President vum Gemengesyndikat Kanton Réiden Thierry Lagoda.