Ofgelafe Beki kënnen nach bis zum 31.01.2023 ëmgewiesselt ginn.

mer, 01/18/2023 - 17:47
Beki Schäiner, billets Beki, Regionalgeld, Kanton Reiden, Lagoda

Op all Beki-Schäin steet ee Gültegkeetsdatum hannendrop. Déi aktuell Serie ass am Januar 2022 an Ëmlaf komm an ass bis den 31.12.2024 gülteg. Déi Serie virdru war den 31.12.2021 ofgelaf.

Mat ofgelafene Schäiner kann net méi bezuelt ginn! Wann Dir nach ofgelafe Schäiner hutt, kënnt Dir déi awer bis zum 31.01.2023 bei der Asbl De Kär ëmwiesselen, entweder an Euro, an nei Beki Schäiner oder an digital Beki. Huelt dofir wannechgelift ee Rendezvous via gestion[at]beki.lu. No deem Datum gi keng ofgelafe Beki méi ëmgewiesselt.

Iwwregens: Am Mäerz gëtt deen neie Katalog fir Sammler „Le Papier-Monnaie Luxembourgeois“, publizéiert. Hei sinn d’Wäerter vu sämtleche Lëtzebuerger Geldschäiner vun 1856 bis haut definéiert. Laut deem Katalog hu sämtlech ofgelafe Beki Schäiner ee méi héije Wäert wéi deen deen um Schäin steet, soulaang de Schäin an engem top Zoustand ass.