5 Joer Beki: 2.500 Beki ze gewannen!

mar, 10/03/2017 - 14:24
Beki regional currency Gewënnspill Tombola

 

Wärend dem ganze Joer kënnt Dir matmaachen a probéieren 2.500 Beki an nach iwwer 65 aner Präisser, alleguerten am Wäert vun op d’mannst 50 Beki ze gewannen! 

 

Zesummen offréieren Iech d’Beki Betriber also Präisser an engem Gesamtwäert vu bal 6000 Beki!

 

Hinnen dofir nach enker e grousse Merci!

 

 

Wéi kann ee matmaachen?

 

Ganz einfach: Bei all de Beki Betriber a bei de Banken leie Stempelkaarten prett fir Iech.

 

Wann Dir bei engem Betrib mam Beki bezuelt, kritt Dir ee Stempel vun deem Betrib. Wann Dir sechs verschidde Stempelen vu sechs verschiddene Betriber gesammelt hutt, kënnt Dir d’Kaart an eng Urn geheien an esou beim Gewënnspill matmaachen. An iwwregens kritt Dir och e Stempel, wann Dir Beki op eng Bank siche gitt.

 

Hei fannt Dir all d’Betriber bei deenen Dir mat Beki bezuele kënnt.

 

Dräi mol d’Joer zéie mir d’Gewënner, Enn Abrëll, Enn September a Mëtt Dezember.

 

Dir kënnt sou oft matmaachen wéi Dir wëllt. Dir kritt weider Kaarten bei de Betriber. Jiddereen hëlt automatesch och un der grousser Auslousung vun den 2.500 Beki am Dezember deel.

 

Vill Gléck!