De Beki ass Deel vum neie Lëtzebuerger Geldkatalog

mer, 03/22/2023 - 15:55
Yuriko Backes, Max Hilbert, Geldkatalog, Beki

Den 23. Februar ass am Mamer Schlass den neie Lëtzebuerger Geldkatalog „Le papier-monnaie Luxembourgeois 1856-2023“ vun den Auteure Guy Rosseljong a Romain Thielen a Presenz vun der Finanzministerin Yuriko Backes presentéiert ginn. Ganzer 25 Säite vun deem Buch sinn dem Beki gewidmet. Well effektiv sinn d’Beki, zanter der Aféierung vum Euro, déi eenzeg Lëtzebuerger Geldschäiner déi et nach ginn.

Mir felicitéieren den Auteure fir d’Resultat vun där enormer Aarbecht. Am Buch mat 520 Säite sinn net manner wéi 1.200 Ofbildunge vu Geldschäiner, dorënner absolut Raritéiten, déi si akribesch zesummegedroen hunn. D’Geldschäiner spigelen och d’Geschicht vu Lëtzebuerg erëm, sou dass et net nëmme fir Numismatiker ganz interessant ass.

D’Opnam vun de Beki an dëse Geldkatalog ass fir eise Veräin natierlech eng grouss Éier a mir soen den Auteuren häerzlech Merci. Si hunn domat de Beki quasi fir d’Éiwegkeet dokumentéiert.

Do derbäi kënnt, dass de Sammlerwäert vu sämtleche Schäiner vun deene verschiddene Serien definéiert ginn ass. Déi Valeuren si ganz ënnerschiddlech mä leien allkéiers iwwert dem nominale Wäert deen op de Schäiner drop steet. Hätte mir dat gewosst, hätte mir där net esouvill geschreddert…

D’Buch kritt Dir bei eis fir 50 Beki/Euro ze kafen. Mellt Iech dofir per Telefon: 236221847 / 691888295 oder E-Mail info@beki.lu