Solidaresch duerch d'Kris: ënnerstëtzt den Horeca mat Bongen!

Mo, 03/30/2020 - 17:56
Beki Bongen Réidener Kanton Regionalgeld

Esou geet et: Dir kënnt bei De Kär Bonge vu verschiddene Betriber aus dem Horeca Beräich kafen. D'Betriber kréien dann direkt déi entspriechend Zomm a Beki ausbezuelt! Dir kritt Är Bongen heem geschéckt a kënnt se aléise goen, soubal de Betrib seng Diren nees opmaachen duerf.

Pro Tranche vun 100 Euro leet De Kär 3 Beki dropp! Anescht ausgedréckt: Wann dir ee Bong am Wäert vun 100 Euro vun engem Betrib kaaft, kritt dee Betrib 103 Beki.  

Dir kënnt Är Bongen mat enger E-Mail un gestion@beki.lu bestellen. Gitt do einfach de gewënschte Montant a Betrib un. Mir äntwerten Iech da mat weideren Infos. Am Viraus, villmools Merci fir Är Bestellung!

Hei ass d'Lëscht mat de Betriber vun deenen Dir Bonge bei eis kafe kënnt:

- Chill and Eat (Pallcenter): http://beki.lu/akafen/chill-and-eat

 

- Frittebud a Stiffchen beim Cédric: http://beki.lu/akafen/frittebud-beim-cedrichttp://beki.lu/akafen/stiffchen-beim-cedric

 

- Kwanza Foodtruck/Catering: http://beki.lu/akafen/kwanza-foodtruck

(Bons pour des plats préparés livrables ou des cours de cuisine:  Découverte de la cuisine africaine)

 

L'orangerie du Pall: http://beki.lu/akafen/l-orangerie-du-pall 

 

- Restaurant Le9: http://beki.lu/akafen/restaurant-le-neuf

 

- Restaurant Schweebécherbréck: http://beki.lu/akafen/schweebecherbreck

 

- Stiffchen beim Cédric: http://beki.lu/akafen/stiffchen-beim-cedric

 

- The New Relais Postal: http://beki.lu/akafen/the-new-relais-postal

 

- Vitis Vinifera: http://beki.lu/akafen/vitis-vinifera

 

 

Wann Dir esou ee Bong kafe wëllt, schéckt eng E-Mail un gestion@beki.lu . Weider Informatioune kritt Dir da per E-Mail.

Losst eis elo zesummenhalen a solidaresch dës Kris meeschteren!