Iwwert eis

Foto vun der Grënnungsversammlung vum Veräin De Kär an der Biekerecher Millen den 18. Juli 2012

Eis Wäerter

De Beki ass op de Pilier‘en Solidaritéit, Innovatioun an Autonomie opgebaut.

Eis Missioun

Mam Beki, der Regionalwährung vum Réidener Kanton, setzt sech de Veräin „de Kär“ fir eng nohalteg Entwécklung vum Kanton a senge Gemengen an.

De Beki versteet sech heibäi als kreativ a virun allem och innovativ Alternativ zum momentane Wirtschaftssystem. De Veräin „de Kär“ ass heibäi eng oppe Plattform, deen jidderengem, ob Privatmann/-Fra, Veräin, Gemeng oder Entrepreneur et erméiglecht, aktiv un der Form, Ëmsetzung an Zukunft vun dëser neier Economie deelzehuelen déi am Service vun de Bierger aus der Regioun ass.

Dëse neie Modell lieft a wiisst dobäi duerch Kooperatioun, géigesäitege Respekt an Éierlechkeet an net, wéi bis ewell, duerch Konkurrenz an Intransparenz.

Amplaz Eenzelner ze culpabiliséieren, gëtt mam Beki jiddereen a senger Roll als Deel vum Ganzen responsabiliséiert. Jiddereen ka säin Deel zum Deel vun der Léisung, deen de Beki ass, bäidroen.

De Veräin „de Kär“ begëtt sech mam Beki bewosst op bis ewell onbekannte Weeër an hëlleft de Mënschen aus der Regioun dobäi, gemeinsam a selbstänneg, hir gemeinsam Zukunft ze sécheren.

Mam Beki kaaft Dir Kraaft fir ons Regioun.

Vernetzung

Mir si Member am däitschen Regiogeldverband http://regionetzwerk.blogspot.de/ a bedeelegen eis bei Financité https://www.financite.be/fr aus der Belsch.

Mir waren „observer partner“ beim INTERREG Projet „community currencies in action“ http://ccia.eu/

Statuts pdf 208.33 KB Download