Neie Rekord: Eng véierels Millioun Beki bannent engem Joer erausgaang!

Mi, 03/22/2023 - 17:12
Beki Kanton Réiden canton de Redange

D'lescht Joer war ee Rekordjoer fir de Beki. Am Laf vun 2022 sinn insgesamt 255.593 Euro a Beki gewiesselt ginn. Dorënner waren och schonn déi éischt 8673 digital Beki.

Offensichtlech sinn d'Schäiner am neien Design, mat den Zeechnunge vun den zwee jonke Kënschtler aus der Gemeng Ell, Gilles Even a Felix Reinard, gutt ukomm bei de Leit.

Mir freeën eis iwwert dee Réckhalt an der Bevëlkerung a soe Jidderengem Merci deen heizou bäigedroen huet!