D'Improvisatounstheatergrupp Poil zu Biekerech!

Mi, 04/29/2015 - 14:56

De Kanton Réiden huet säin eegent Geld, de Beki. De Rescht vum Land reift sech d’An a freet sech wat déi do am Réidener Kanton dreiwen.

15.05.15 20H00
Beckerich (Moulin)

FRÄIEN ENTRÉE
OUNI RESERVATIOUN!

 

D’Improvisatiounstheatergrupp POIL (www.poil.lu) aus der Stad enquetéiert op där Plaz, wou alles ugefaang huet: Op der Biekerecher Millen. D’Publikum an di Responsabel vum Projet ginn hinne Stéchwierder fir si bei där Enquête ze leeden. Mat deene Stéchwierder improviséiere si kleng spontan Theaterstécker.
Kee weess wat dobäi erauskënnt.
Ma dat ka jo schéi ginn!
 

INFO
De Kär a.s.b.l.
Tel: 23 62 21 847 / 691 888 295
E-mail: info@beki.lu">info@beki.lu