Ee flotte Kaddo : Beki

jeu, 12/03/2020 - 16:57
shoplocal Bongenregional Chrëschtdag Kaddo Cadeau Réidener Kanton

Aktioun Solidaritéit Kanton Réiden

http://shoplocal.reidener-kanton.lu/

Dir wëllt Är Chrëschtdagskaddoen am léifsten online bestellen? Dir wëllt ee Kaddo mat Sënn verschenken? Dann hu mir genau Richtegt! Op shoplocal.lu kënnt Dir Beki online bestellen a schéi verpak gratis bei Iech heem liwwere loossen.

Beki verschenken ass méi perséinlech wéi normal Suen ze verschenken an awer huet ee bei méi wéi honnert Betriber vill méi Akafsméiglechkeeten wéi mat normale Bongen. Mat de Beki verschenkt Dir an engems Konschtwierker vun der berüümter Lëtzebuerger Kënschtlerin Patricia Lippert, mat deene se bedréckt sinn.

Dëst ass am Kader vun der Aktioun Solidaritéit Kanton Réiden, déi vum Réidener Kanton initiéiert an an Zesummenaarbecht mat Gringgo.lu ëmgesat ginn ass. Well grad elo, wou wéinst dem Coronavirus eis lokal Betriber leiden, gräife vill Mënsche léiwer op déi grouss multinational Onlinehändler zeréck. http://shoplocal.reidener-kanton.lu/ soll hei eng Alternativ bidden. An et gëtt wuel näischt, mat deem Dir déi lokal Betriber besser ënnerstëtze kënnt, wéi mat de Beki. Well d’Beki zirkuléiere weider an eiser Regioun a léisen eng ganz Kettereaktioun u lokalen Akeef aus. Esou profitéiert net nëmmen dee Beschenkte vun Ärem Kaddo, mä an engems eng ganz Rëtsch lokal Betriber.

Bestellt hei Är Beki:http://shoplocal.reidener-kanton.lu/