
Den 23. Februar ass am Mamer Schlass den neie Lëtzebuerger Geldkatalog „Le papier-monnaie Luxembourgeois 1856-2023“ vun den Auteure Guy Rosseljong a Romain Thielen a Presenz vun der Finanzministerin Yuriko Backes presentéiert ginn.
Mir felicitéieren den Auteure fir d’Resultat vun där enormer Aarbecht. Am Buch mat 520 Säite sinn net manner wéi 1.200 Ofbildunge vu Geldschäiner, den Designvirlagen, Virdréck etc., dorënner absolut Raritéiten, déi si akribesch zesummegedroen hunn. D’Geldschäiner spigelen och d’Geschicht vu Lëtzebuerg zanter 1856 erëm, sou dass et net nëmme fir Numismatiker ganz interessant ass.
Ganzer 25 Säite vun deem Buch sinn dem Beki gewidmet. Well effektiv sinn d’Beki, zanter der Aféierung vum Euro, déi eenzeg Lëtzebuerger Geldschäiner déi et nach ginn.
Am Begleetheft sinn d’Valeuren vun de verschiddene Schäiner opgelëscht.
De Katalog mam Begleetheft kritt Dir bei eis fir 50 Beki/Euro ze kafen. Mellt Iech dofir per Telefon: 236221847 / 691888295 oder E-Mail info@beki.lu.