"de Kär" asbl. spend 2606 Beki u verschidde gutt Zwecker

So, 09/30/2012 - 17:03

Dës Spent resultéiert aus der fënnefprozenteger Récktauschgebühr, déi d’Betriber bezuelen, wann si d’Beki zréck an Euro tauschen.

2.606,61 Beki gespent!

D’Asbl De Kär huet op hirer Assemblée Générale insgesamt 2.606,61 Beki un di verschidde gutt Zwecker gespent, déi hir Member uginn hunn. Dës Spent resultéiert aus der fënnefprozenteger Récktauschgebühr, déi d’Betriber bezuelen, wann si d’Beki zréck an Euro tauschen. (Bekanntlech dénge jo zwee Fënneftel dovun de Verwaltungskäschten vun De Kär an dräi Fënneftel gi gespent.) Mir soen all eise Member dofir ganz häerzlech Merci! Schliisslech sinn et si, déi dës Spent erméiglecht hunn, andeems si d’Beki an Ëmlaf bruecht hunn.

D’Opdeelung vun der Spendenzomm ass di folgend:

  • 101,04 Beki:       Atert Lycée Réiden (Schülerprojet’en)
  • 730,24 Beki:       Autisme Luxembourg (Centre Roger Thelen)
  • 1.647,82 Beki:   De Kär Asbl
  • 127,51 Beki:       Op der Schock Asbl

Di mat Ofstand meeschte Beki sinn also un d’Asbl De Kär gaangen. De Kär seet dofir all deene Member, déi bei hirem Bäitrëtt “De Kär” als Beneficiaire uginn haten, villmools Merci! Mir kënne se gutt gebrauchen.

Dës Opdeelung seet eis awer och, dass de Message, dass bei all Beki deen een an Ëmlaf bréngt, dräi Prozent un e gudden Zweck ginn, net wierklech ukomm ass. Et ass nämlech dervun auszegoen, dass et  déijéineg  Member waren, déi am meeschten vun der Iddi selwer vum Regiogeld iwwerzeegt sinn, déi De Kär als Bénéficiaire uginn haten. An et sinn si, déi mat Ofstand di meeschte Beki an Ëmlaf bruecht hunn an domat déi Spent vun 1.647,82 Beki ausgeléist hunn. Autisme Luxembourg huet di 730,24 Beki zimlech genau zur Halschent der Gemeng Biekerech ze verdanken, déi bei verschiddene Geleeënheeten Beki an Ëmlaf bruecht huet. Och der Biekerecher Gemeng en häerzleche Merci! Fir de Rescht schéngt et also awer sou ze sinn, wéi wann nëmme wéineg Beki mam Hannergedanken, 3 Prozent un deen een oder aneren ze spenden, an Ëmlaf bruecht gi wieren. An deem Kontext sief drun erënnert, dass elo all agedroene Veräin selwer ka vun deenen 3 Prozent profitéieren, wann en zéng Ënnerstëtzer matbréngt, déi Beki fir si an Ëmlaf bréngen.