Appel aux candidatures: Eng finanziell Ënnerstëtzung fir Äre Projet

mer, 09/27/2017 - 14:58
Beki regional currency

Eng finanziell Ënnerstëtzung fir äre Veräin!
De Kär mécht en Opruff fir är Kandidatur.

Dir, Är Organisatioun oder Veräin sicht no engem Finanzement fir e Projet ze realiséieren?
Da mellt Iech beim Beki Veräin De Kär!

Op der leschter Generalversammlung gouf decidéiert, dat De Kär, vum nächste Joer un, ee konkrete Projet erauswielt, deen déi gesamt Zomm vun den Don’ë kritt, déi vum Wiessel vun Euro a Beki zesummekomm sinn. Op dës Manéier sinn an de vergaangene véier Joer ëmmerhin nitt manner wéi 10‘654 Beki un déi verschidden Zwecker gespent ginn. Soss konnt e jo ëmmer tëscht 4 Organisatioune wielen: de Beki-Veräin De Kär, Autisme Luxembourg, Op Der Schock oder Schülerprojete vum Atert Lycée. Déi kruten dann déi 3%, wann ee seng Euro Eent zu Eent a Beki gewiesselt huet.

Wat méi Euro a Beki gewiesselt ginn, wat ären Don méi grouss gëtt!

Wéi grouss den Don wäert ginn ass den Ament nach schwéier soen. Dat hänkt dervun of, wéi vill Leit d’Optioun wielen, een Don auszeléisen! Et besteet jo och d’Optioun fir entweder 100 Euro ze wiesselen, an déi integral Zomm vun 103 Beki fir sech ze behalen, oder fir déi 3 Euro dem Veräin de Kär ze ginn. Deemno soll et och fir Iech, an äre Membere vum Veräin, eng Motivatioun sinn, souvill wéi méiglech Beki an Ëmlaf ze bréngen, fir dat den Don sou grouss wéi méiglech ausfält.

Wat sinn d’Kritären?

Op exakt Kritären ass bewosst verzicht ginn, fir keng Iddi auszeschléissen. An Dir braucht d’Rad net nei ze erfannen. Wichteg ass awer, dass ee konkret ka gesinn, firwat dës Spend gebraucht gëtt. Op déi Manéier kann een nämlech den Impakt an d’Wichtegkeet vum Don méi kloer kommunizéieren an exakt uginn, wéi vill Suen nach gebraucht ginn. An doduerch kann een d’Leit besser motivéieren den Don auszeléisen an d’Zomm ze vergréisseren.

Schéckt eis via Mail un info@beki.lu Är Kandidatur eran, daat bis Enn November. Eis Memberen stëmmen dann iwwert d’Projet‘en of.

Nach Froen? Da kontaktéiert de Coordinateur Max Hilbert fir weider Informatiounen: info@beki.lu / 236221847 / 691 888 295