Beki...
fir mech
  • Fir all 100 Euro kannn een elo 3 Beki extra kréien.
  • Ech weess, dass meng Sue weider a menger Regioun zirkuléieren an de lokale Betriber zegutt kommen.
  • Et si frou eppes fir d’Gemeinschaft a menger Géigend maachen ze kënnen. 
fir meng Regioun
  • Méi Kafkraft a méi Ëmsaz, well d’Suen an der Regioun bleiwen an zirkuléieren. Dat suergt fir eng villfälteg Noversuergung a lieweg Dierfer.
  • De Beki huet sech zu engem Markenzeechen vun eiser Regioun entwéckelt
  • De Beki fördert de sozialen Zesummenhalt an di regional Identitéit 
fir mäi Betrib
  • E Reseau vu Betriber déi zesummeschaffen. Dat bréngt Client’en a gëtt Sécherheet.
  • De Beki lackelt och méi Privatclient’en a mäi Betrib.
  • De Beki ass e Label, dee beweist, dass mäi Betrib sech fir d’Regioun engagéiert.
Meng Motivatioun beim Beki matzemaachen
Als ee Service, deen an eiser Géigend aktiv ass,  ass et eis wichteg eis Regioun ze ënnerstëtzen.
Chantal Back
Help - Doheem versuergt. Antenne Niederpallen
D‘Regionalgeld stäerkt eis Onofhängegkeet, fuerdert d‘Solidaritéit a bréngt de Konsument an de Produzent aus der Regioun nees méi no zesummen! Vertrauen. Ennerstëtzen. Virukommen. Beki. Kaaf Kraaft fir d’Zukunft!
Ingrid Van der Kley
Art&Wise
Regional ass eis wichteg! An dofir wënsche mir eis, datt och méi Leit aus der Emgéigend eis besiche solle kommen.“ „Geessen, Alpaka, Galloway, Kaeren a sou Saachen, weise mir Iech wat een domat ka maachen.
Danielle Freylinger-Klein
Alpakka Trekking