Beki...
fir mech
  • Fir all 100 Euro kannn een elo 3 Beki extra kréien.
  • Ech weess, dass meng Sue weider a menger Regioun zirkuléieren an de lokale Betriber zegutt kommen.
  • Et si frou eppes fir d’Gemeinschaft a menger Géigend maachen ze kënnen. 
fir meng Regioun
  • Méi Kafkraft a méi Ëmsaz, well d’Suen an der Regioun bleiwen an zirkuléieren. Dat suergt fir eng villfälteg Noversuergung a lieweg Dierfer.
  • De Beki huet sech zu engem Markenzeechen vun eiser Regioun entwéckelt
  • De Beki fördert de sozialen Zesummenhalt an di regional Identitéit 
fir mäi Betrib
  • E Reseau vu Betriber déi zesummeschaffen. Dat bréngt Client’en a gëtt Sécherheet.
  • De Beki lackelt och méi Privatclient’en a mäi Betrib.
  • De Beki ass e Label, dee beweist, dass mäi Betrib sech fir d’Regioun engagéiert.
Meng Motivatioun beim Beki matzemaachen
- an engem Kanton een Résau opbauen
- Autonomie stärken
- Vun der Inovatioun nët nemmen schwätzen mais se och firun dréiwen
- Solidaritéit teschent denen verschiddenen Acteuren an Steemetzer
Christiane Wickler
Pall Center
Bei CELL wëlle mir sozial, ökologesch an regional zesummen denken, fir eis als Gesellschaft wirtschaftlech, landwirtschaftlech an sozial méi gerecht a méi resilient opzestellen! De Beki ass bei dëser Transitioun ee wichtegen Outil!
Katy Fox
CELL
Mir ennerstëtzen gären den Beki, well d’Idi zu eisem Konzept passt, dem kollaborativen Konsum. Den Kolla Festival probeiert sengen Visiteuren Alternativen zum Massenkonsum ze gin, an genau daat well jo den Beki erreechen.
Marie Trussart
Kolla Festival