Beki...
fir mech
  • Fir all 100 Euro kannn een elo 3 Beki extra kréien.
  • Ech weess, dass meng Sue weider a menger Regioun zirkuléieren an de lokale Betriber zegutt kommen.
  • Et si frou eppes fir d’Gemeinschaft a menger Géigend maachen ze kënnen. 
fir meng Regioun
  • Méi Kafkraft a méi Ëmsaz, well d’Suen an der Regioun bleiwen an zirkuléieren. Dat suergt fir eng villfälteg Noversuergung a lieweg Dierfer.
  • De Beki huet sech zu engem Markenzeechen vun eiser Regioun entwéckelt
  • De Beki fördert de sozialen Zesummenhalt an di regional Identitéit 
fir mäi Betrib
  • E Reseau vu Betriber déi zesummeschaffen. Dat bréngt Client’en a gëtt Sécherheet.
  • De Beki lackelt och méi Privatclient’en a mäi Betrib.
  • De Beki ass e Label, dee beweist, dass mäi Betrib sech fir d’Regioun engagéiert.
Meng Motivatioun beim Beki matzemaachen
Ech mâche mat beim Beki wel éch wel dat mer nach enert ons kene bezùle wan enges Dâgs di bôr Suen ofgeshâft gin. Da kan éch wénstens ménge Kands-Kanner hirt Täschegeld an d'Hand gin a keng Bank geseit et.
Miranda Welter
Danzatelier
Déi regional Vernetzung verstärken an esou Kleng- a Mëttelbetriber ënnerstëtzen, an de Leit an der Regioun Aarbichtsplaatze bidden. Dëst dréit och derzou bäi fir eis Ressourcen mäi effizient anzesetzen well doduerch z.B. d’Wéer méi kuerz gin.
Jean-Paul Wolff
jpw [accompagnement & conseil pme]
Mir wëllen solidaresch hëllefen den lokalen an  regionalen Marché an d'Landwirtschaft ze stäerken an ze erhalen. En plus sollen Clienten den Beki ënnerstetzen, wëll sie dann mat eis zesuzmmen derzou beidroen Arbechstplaatzen am Kanton ze erhaalen an ze schaafen.
Marc Mathieu
Boucherie & Partyservice Mathieu